Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.320 Artikelen an 128 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Forest Green Rovers FC e vegane Foussballveräi sinn?
- … et a Brasilien eng 20 Luxemburgia-Aarte gëtt?
- … déi sougenannt Ofizièl lezebuurjer ortografi déi éischt gesetzlech festgeluecht Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
- … Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
- … d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
Artikel vun der Woch
Den James Bond ass e sophistikéierte brittesche Spioun, dee vum Ian Fleming erfonnt gouf an an deem senge Bicher virkënnt (spéiderhin och an de Bicher vun aneren Auteuren). De Fleming huet säi Personnage nom amerikaneschen Ornitholog James Bond benannt, mat der Begrënnung, "[his] brief, unromantic, Anglo-Saxon, and yet very masculine name was just what I needed". De Bond huet de Codenumm "007", deen "double-ou seven" ausgeschwat gëtt, wat bedeit datt hien d'Autorisatioun huet, op senge Missioune Leit ëmzebréngen.
Vum James Bond gëtt et eng Serie vu Filmer, déi e grousse Succès kennt. Si goufe gréisstendeels vun United Artists oder MGM op de Marché bruecht. Et gëtt och eng Rei vu Videospiller déi op Filmer baséieren an e puer mat Originalskripte mat dem Personnage.
Déi vill a verschidde James Bond-Romaner a -Filmer hunn, mat de Joren, de Stil geännert: vu realistesche Spionagedramen op Science Fiction hin zu Actionfilmer ... > méi

Op engem 26. Mee
- 1650: Gebuert vum englesche Feldhär John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough.
- 1882: De lëtzebuergesche Sculpteur Claus Cito gëtt gebuer.
- 1895: Déi US-amerikanesch Fotografin Dorothea Lange kënnt op d'Welt.
- 1907: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller John Wayne.
- 1926: Den US-amerikaneschen Jazz-Trompettist Miles Davis gëtt gebuer.

Muselkanal-Aweiung - 1925: Doud vum lëtzebuergeschen Auteur Pol Clemen.
- 1964: De Muselkanal gëtt vun der Groussherzogin Charlotte, dem franséische President Charles de Gaulle an dem däitsche Bundespresident Heinrich Lübke ageweit.
- 1976: Den däitsche Philosoph Martin Heidegger stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 25. Mee: Sonny Rollins , US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- ≤ 23. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 21. Mee: Henri Franck, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 16. Mee: Raymond Sinnen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
